Generalversammlung

D’Generalversammlung vun der Stad- a Lampertsbierger Musek war den 11. Februar 2017 am Musekssall.

De President André Hever huet déi Uwiesend begréisst. No enger Gedenkminutt, wou virun allen un de laangjärege Member René Bleser a Charel Belucci geduecht gouf, hunn de Sekretär an den Tresorier hir Rapporte virgedroen, déi dann och unanime ugeholl goufen.

Bei der Zesummesetzung vum Comité gouf et 2 Changementer. De Christian Crelo huet seng Kandidatur net méi gestallt. D’Carine Hauswirth huet eng Kandidatur gestallt a verstäerkt vun elo un d’Equipe vum Comité.

Keesereviseure sinn de Nobby Brausch an den André Crauser.

De neien Dirigent vun eiser Musek ass zanter Ufank Januar de Christian Block.

Uschléissend gouf dann de Programm an och de Budget fir d’Joer 2017 presentéiert.

De neien Dirigent Christian Block huet dann och nach kuerz d’Wuert ergraff a Merci gesot fir d’Vertrauen.

Zesummesetzung vum Comité fir 2017 ass:

  • Joachim Block
  • Roger Braun
  • Carine Hauswirth
  • André Hever
  • Josy Kontz
  • Eugène Mackel
  • Marie-Paule Toussaint
  • Pierre Langehegermann

D’Chargë ginn an der nächster Comité-Sëtzung verdeelt.