Eisen Dirigent

De Christian Block huet am Alter vu 7 Joer an der Museksschoul vun der Lampertsbierger Musek mam Solfège ugefaangen. No 3 Joer Solfège an der lokaler Museksschoul huet hien dann 2 weider Joer am Conservatoire gemaach. Mat 8 Joer huet en Klarinett geleiert an op dësem Instrument déi 1. Mentioun gemaach. Am Alter vun 13 Joer huet de Christian e weidert Instrument, de Saxophone Tenor, geleiert an och op dësem déi 1. Mentioun gemaach.

Direktioun huet eise Chef mat 18 Joer an enger «formation continue pour chef d’orchestre» bei der UGDA studéiert. Dës Cours’en goufe vum Lt. Col. André Reichling ofgehalen.

1993 huet de Christian de Jugendensembel vun der Lampertsbierger Musek iwwerholl an konnt hei iwwer 12 Joer Erfahrung sammelen. Parallel huet hien eng Formatioun an der Perkussioun ugefaangen, fir deene jonke Perkussionisten aus dem Jugendensembel weider ze hëllefen.

Domat net genuch, de Christian huet sech dunn och nach op der Trombone ausbilde gelooss. 2006 huet hien sech als Dirigent weider forméiert an huet un enger «formation continue pour chef d’orchestre» deelgeholl. Dëse Cours ass vum Här Jonathan Kaell (Professer op der Hochschule für Musik Saar) gehale ginn.

Vu 1996 bis 2009 war de Christian Sous-Chef vun der Stad- a Lampertsbierger Musek. Vu 2006 bis 2007 huet hien d’Simmer Duerfmusek dirigéiert.

2002 huet de Christian d’Gaasperecher Musek iwwerholl an 12 Joer geleet.

Vu Mee 2014 bis August 2015 ass de Christian Dirigent vun der Fanfare Stroossen an de Stroossener Music Kids gewiescht. Uschléissend huet hien aus familiäre Grënn eng Paus ageluecht.

Zanter Januar 2017 ass de Christian Dirigent vun der Stad-a Lampertsbierger Musek.