Historik

D’Stad- a Lampertsbierger Musek entsteet 1999 duerch eng Fusioun vun der „Lëtzebuerger Stadmusek“ (1863 gegrënnt) an der „Lampertsbierger Musek“ (1909 gegrënnt), nodeem se schon 12 Joer laang eng gutt Zesummenarbecht geleescht hunn. Hei fand Dir eng kuerz Chroniken vun den zwee Fusiounsveräiner:


Lëtzebuerger Stadmusek (1863 – 1999)

An däer Zäit, wou dem Dicks séng Koméidistécker am Cercle uropgefouert ginn, entsteet aus dem „Lëtzebuerger Sängerbond“ an aus dem Theaterensemble „Harmonie“ d'“Lëtzebuerger Stadmusek Concordia“. Déi éischt 50 Joer vun dësem Traditiounsveräin zielen eng Rei vun internationale Concour’en, 1880 zu Bréissel, 1895 zu Paräis, zu Lille, Nanzech asw. An dësen Ufanksjoeren ass d'“Concordia“ och déi offiziell Musek vum Groussherzoglechen Haff. 1923 bei der Grënnung vun der „Union des Sociétés de Musique de la Ville de Luxembourg“ – USMVL – , stellt d'“Concordia“ den éischte President.

1932 – eng éischt Fusioun

Zwou Museksgesellschaften aus dem Stater Quartier, d'“Concordia“ an d'“Luxembourgeoise“ doen sech zesummen ënner dem Numm „Harmonie Municipale de Luxembourg“. Virun de Krichsjoeren kënnt et nach zu e puer Héichpunkten mat dem Concours zu Perpignan (1936) mat 85 Musikanten an engem Galaconcert 1937 op der Weltausstellung zu Paräis a Präsenz vun der Grande-Duchesse Charlotte an dem Prënz Félix.

1950 – d’Joerzéngt vun de Concour’en

Vill Asaz gët verlaangt fir un all deene Concour’en matzemaachen, 1950 zu Montbard (F), 1952 zu Ettelbréck, 1953 zu Sables d’Olonne (F), 1955 zu Albi (F), 1956 zu Esch/Uelzecht, 1957 zu Nanzech an 1960 zu Wolz.

1960 – d’Joerzéngt vun den Ausflich

1963 wéi d’Stad Lëtzebuerg 1000 Joer feiert, stinn och Feierlechkeeten fir „100 Joer Stadmusek“ um Programm. No deene ville Concour’en geet et elo méi gemellech mat ganz flotte Concertsreesen wéi 1962 „2000 Jahre Mainz“, 1964 „Festliche Musiktage“ zu Uster (CH), 1965 Epernay, 1966 „Südtiroler Landesmusikfest“ zu Meran (I), 1967 zu Sélestat, Stroossbuerg a Metz, 1968 um Concours zu Dikkrech, 1969 zu Gmunden (A), zu Pagny an Nanzech (F), 1970 zu Waldfischbach a Bad Dürkheim (D).

1970 – d’Joerzéngt vun de Changementer

Et kann een och soen, mir kommen an d’Wiesseljoeren vun de Presidenten a vun den Dirigenten. No e puer schwéiere Joeren kënnt erem Rou an Uerdnung an de Veräin, an et gët frësch opgebaut mat…

enger flotter Série Galaconcert’en

Zanter 1978 gët am Cercle zu Gonschte vu gutt Wierker Musek gespillt a gesongen. Fir eis Concert’en méi attraktiv ze maachen, baue mer aner Museksrichtunge mat an, wéi Big Band, Dixieland an och Gesank.

1980 – Héichpunkten an de Nowuesproblem

1980 entsteet d’Amicale des Anciens vun der Stadmusek am Commerce. An deem Joer gët eis Strëpp op d’Bee gestallt, fir bei lëschtege Geleeënheeten méi e populäre Programm ze spillen.

No der Série Galaconcert’en am Cercle gi méi grouss Organisatiounen am Neien Theater an am Conservatoire réaliséiert, wéi den Theaterconcert „Ronderëm d’Plëssdarem“, e puer Danzconcert’en asw.

Mir si Co-organisator vun der „James Last-Fuesparty“ an der Victor Hugo-Hall mat 3000 Leit, maachen eng Concert’sreess an de Schwarzwald an 1983 gët op der Plëss dat 1. Äppelfest zesumme ma’m Club des Jeunes vu Conter opgezunn.

Well mer an den 80er Joeren am Stadkäer e groussen Nowuesproblem hunn, schaffe mer 2 Joer zesumme mat der Märeler Musek, éier mer 1987 eng ganz gutt Zesummenaarbecht mat der Lampertsbierger Musek ufänken, déi 1999 zu der Fusioun féiert.

1987 spillt eis Big Band, eng nei Formatioun niewent dem Harmonieorchester an der Strëpp, hiren éischte Concert.

1988 bei de Feierlechkeete vun eisem 125. Jubileum loosse mer e Buch (1200 Stéck) drécken, wou mer niewt eiser Veräinschronik déi Lëtzebuerger Komponisten an déi Lëtzebuerger Museksveräiner virstellen.

1990 – klengen Effectif – grouss Leeschtung

Obschon d’Zuel vun eisen Aktiven an de leschte Joeren nët beneidenswert ass, a mir ons mat der gudder Zesummenaarbecht ma’m Lampertsbierg kënnen iwwer Waasser halen, spillen eis 3 Formatiounen Harmonieorchester, Strëpp a Big Band an der Moyenne 25 (!) Concert’en pro Joer.

2 Héichpunkter notéiere mer 1992 mat dem „Music Hall“ am Neien Theater an 1995 an der Zeltstad um Hellege Geescht (Kulturhaaptstad), all Kéier mat der Danzschoul Li Marteling.

1996 produzéiert eis Big Band eng CD, déi e gudden Uklang fond huet.

Presidenten a Dirigenten vun der Lëtzebuerger Stadmusek

Harmonie
Presidenten   Dirigenten
1862-1865 Henri Wengler 1862-1865 Militärmuseker
Concordia
Presidenten   Dirigenten
1865-1869
1869-1871
1871-1881
1881-1882
1882-1895
1895-1900
1900-1925
1925-1927
1927-1932
Jacques Graas
Zénon de Muyser
J.H.G. Krombach
Michel Fohl
J. Joris
Léon Rischard
Victor Schiltz
Emile Pauly
Tony Pemmers
1865-1866
1866-1867
1867
1867-1882
1882-1883
1883-1884
1884-1885
1885-1886
1886-1892
1892-1896
1896-1926
1926-1929
1929-1932
Jos. Kirchner
Fr. Hartmann
G. Schleger
J.D. Goldschmit
J. Christophe
J.A. Muller senior
J.A. Muller junior
J. Christophe
J.P. Goldschmit
Auguste Klein
J.P. Goldschmit
Henri Ancion
Henri Kolbach
La Luxembourgeoise
Presidenten   Dirigenten
1908-1915
1915-1924
1924-1925
1925-1926
1926-1932
Ed. Scharl
N. Duren
Emile Pauly
André Reuter
Dr. Jos. Peffer
1908-1919
1919-1921
1921-1926
1926-1927
1927-1928
1928-1932
Nic. Weyrich
Paul Albrecht
Jos. Poncin
Jean Stein
Fr. Tribou
Jean Stein
Harmonie Municipale de Luxembourg
Presidenten   Dirigenten
1932-1963
1963-1972
1973-1975
1975-1979
1980-1987
1988-1999
Dr. Jos. Peffer
Eugène Schaus
Edouard Berchem
Johny Pleger
Joseph Kerschen
Jean J. Schintgen
1932-1944
1945-1950
1950-1957
1958-1972
1973-1975
1976-1980
1980-1993
1993-1997
1997 interim
1997-1999
Jean Stein
Nic. Carmes
Alphonse Faber
Johny Duschinger
Claude Christnach
François Grethen
Guy Urbany
Luc Rodenmacher
Christian Block
Félix Schaber

Fir dat alles, wat an deenen 136 Joer „Lëtzebuerger Stadmusek“, mat hiren Héichten an Déiften, geleescht ginn ass, gëllt all den Aktiven an de Responsablen vu gëschter an haut en décke Merci, – si hunn en Deel Kulturgeschicht aus dem Museksliewen vun onser Stad geschriwwen.


Lampertsbierger Musek (1908 – 1999)

De 9. Juli 1908 hunn e puer Museksfrënn aus der Ermesindestrooss d'“Harmonie de Limpertsberg“ gegrënnt. Aus 18 Grënnungsmemberen sinn et 1909 schon 58 Aktiver an 12 Schüler.

1925 – éischt Héichpunkten

No hirem éischte Concert am Ausland 1925 ginn déi éischt Concouren virbereet.

1929 op engem internationale Concours zu Metz gët et mat 74 Musikanten 2 éischt Präisser an der 2. Divisioun, e „prix ascendant“, e „prix de bonne tenue“, d’Médaille de la Ville de Metz an e spezielle Präiss fir den Dirigent.

1931 gët et mat 67 Musikanten zu Eech op engem internationale Concours och 2 éischt Präisser.

Am zweete Weltkrich ass d’Musek opgeléist ginn, well déi däitsch Militär de Museksall beluecht huet, an doduerch och Instrumenter an Archiven verschwonne sinn. No der Okkupatioun gët d’Lampertsbierger Musek rëm op d’Bee gestallt an ass 1947 zu Réiden un der Atert um Concours de Classement dobäi, wou se an d’Divisioun 1B agestuft gët.

1954 beim Concours an der Stad geléngt de Spronk an d’Divisioun 1A.

1961 ginn et och éischt Präisser beim Concours zu Ettelbréck.

1964 – Grënnung vun der Musekschoul…

ass e ganz wichtege Moment an der Veräinsgeschicht, fir den Nowues an d’Zukunft vum Effektif ze garantéieren.

Weider Concouren gi mat vill Asaz an Ugrëff geholl, 1969 zu Wolz an 1973 an der Stad.

1978 gët an de neie Museksall am Centre de Sociétés (Hall Victor Hugo ) geplënnert.

Bei de Feierlechkeeten vum 75. Anniversaire 1983 gët en neie Fändel ageweit.

1984 – e Jugendensemble

entsteet aus de Schüler vun der Musekschoul, fir se op den Harmonieorchester virzebereeden.

1987 kënnt et zu der Zesummenarbecht mat der Stadmusek.

D’Strëpp erfëllt 1991 verschidden Engagementer zu Eupen an zu Düsseldorf. Zanter 1993 gët all Joer e „Weekend musical“ organiséiert, fir an 2 Deeg méiglechst vill ze prouwen. Dës ginn ofgehalen zu Veianen, um Lampertsbierg oder um Bostalséi, fir der nëmmen e puer festzehalen.

1996 – Concertsreess op Hamburg

Iwwer 4 Deeg léiere mer dës flott Hafestad esou richteg kennen, a kënnen nët manner wéi 3 Concert’en op verschidde Plazen zum Beschte ginn. De „Musikkorps der Freiwilligen Feuerwehr Hamburg-Bramfeld“ huet sech ëm d’Organisatioun zu Hamburg gekëmmert. Als Austausch hu mir si 1998 zu Lëtzebuerg emfangen a mat hinnen e grousse Gala-Concert organiséiert.

Presidenten a Dirigenten vun der Lampertsbierger Musek

Presidenten   Dirigenten
1908-1909
1909-1912
1912-1915
1915-1921
1921-1927
1927-1929
1929-1930
1930-1931
1931-1949
1949-1960
1960-1977
1977-1999
M. Kayser
Nic. Fellens
Mathias Wantz
Guillaume Haagen
Arnold Zuang
Albert Loschetter
J. Juncker
Victor Schanen
P. Eiffes
Roger Thiry
Edouard Neumann
René Bleser
1908-1910
1910-1912
1912-1914
1914-1916
1916
1916-1919
1919-1922
1922-1928
1928-1935
1935-1939
1939-1940
1945-1952
1953-1957
1957-1962
1962-1966
1966-1971
1971-1976
1976-1977
1977-1982
1982-1987
1987-1993
1993-1997
1997 interim
1997-1999
Paul Albrecht
J.P. Goldschmit
Jean Boeres
Nic. Trausch
Nic. Carmes
J.P. Beicht
Victor Wirion
Jos. Kieffer
Nicky Kirsch
Willy Krumlowsky
Nicky Kirsch
Marcel Schmit
Norbert Bastian
Roger Dondelinger
Mario Morroni
Georges Wagner
Henri Knoch
Marcel Wagner
Johny Frantz
Marco Turci
Guy Urbany
Luc Rodenmacher
Christian Block
Félix Schaber

Stad- a Lampertsbierger Musek (zanter 1999)

No 12 Joer gudder Zesummenarbecht fusionnéieren Stadmusek an d’Lampertsbierger Musek den 28. Februar 1999.

Fir d’Finanzsituatioun opzebesseren gët am Fréijoer 1999, niewen deem schon traditionellen Äppelfest am Hierscht (zanter 1983), dat éischt Äerdbierfest op der Plëss organiséiert. Hei mécht eis Big Band, déi zanter 1986 besteet an 92 Concert’en ginn huet, hire leschten Optrëtt.

2000 – „Stater Blechbléiser“

Eng nei Formatioun entsteet am Wanter 1999/2000, eise Quintett „Stater BlechBléiser“, déi bis Enn 2003 schon 47 Concert’en an eng CD um Konto hunn.

Speziell fir de Jugendensemble gët 2000 en Ausfluch an den Euro-Disney op Paräis organiséiert, wou och méi eeler Semesteren matgemaach hunn.

eis Strëpp ass vill gefroot…

Niewt eise villen traditionellen Engagementer, wéi bei der Horesca am Casino 2000, op der Plëss an am Pescatore, um „Bierger Scoutsfest“, um „Éiner Wënzerdag, um „Conter Äppelfest“ maache mer 2002 an 2003 och en Ofstiecher op de „Veiner Nëssmoart“.

2003 – 140. Anniversaire

Am Oktober feiere mer am Cercle eisen 140. Jubileum zesummen mat der Douane’s Musek, déi hiren 10. Anniversaire feiert, mat engem flotte Concert.

2004 – 1. Galaconcert mat der Gasperecher Musek

Am September steet eng kulturell Reess a Spuenien um Programm, wou zu Rosas an zu Cadaques flott Concert’en gespillt ginn.

Op Invitatioun vun der Stad Lëtzebuerg si mer zu Tréier op der Landesgartenschau um Lëtzebuerger Dag zu Gaascht mat engem Concert, dee leider net vill Lëtzebuerger nogelauschtert hunn.

2005 – Charity-Concert am Mierscher Kulturhaus

„Music made in the USA“, eisen 2. Gala mat Gasperech begeeschtert d’Publikum souwuel an der Gasperecher Sportshall wéi och am Festsall vum Lycée Technique du Cente um Lampertsbierg.

Am Juli spille mer am Mierscher Kulturhaus, organiséiert vum Kiwanis Club Uelzechtdall, e grousse Charity-Concert zesumme mat der Sandweiler Chorale, zu Gonschte vun der „Delphin Therapie“.

2006 – De Galaconcert « Rock & Pop » …

…an der Victor-Hugo-Hal zesumme mat der Gaasperecher Musek steet am Zeeche vun engem Dirigentewiessel. No 8 Joer vollen Asaz gëtt de Félix Schaber vum Patrick Yves Hengen ofgeléist.

2008 – Am Januar geet et klassesch mat „HMLL goes Gala“ am klenge Sall vun der Philharmonie an am Mee dauche mer an der Victor-Hugo-Hal an d’Musicalwelt mat „HMLL on Broadway“.

Am Hierscht gëtt et eng flott Concertsrees op Schwarzenbek (Schleswig-Holstein), déi onse Keessier Joachim Block a seng al Heemecht organiséiert huet.

2009 – Austauschconcert zu Föhren bei Tréier an onsem Sous-chef Christian Block sénger neier Heemecht.

Eisen traditionellen „HMLL goes Gala“ geet elo endlech am neie Concertssall vum „Alen Tramsschapp“ iwwer d’Brieder, well d’Bühn muss all Joer nei opgeriicht ginn.

2010 – Fréijoersconcert „Evergreens“…

…am Alen Tramsschapp mat onsem neien Dirigent Edgar Becker. Als Optakt huet onsen neigegrënnte Jugendensemble e puer Stécker zum Beschte ginn.

2011 – Mat „Entertainment @ HMLL“ erënnere mir am Alen Tramsschapp un bekannte Museker wéi Bert Kaempfert, James Last an Eric Clapton.

2012 – Onse vergréisserten Jugendensemble mécht den Optakt vun eisem Fréijoersconcert „Eng Weltrees mat onse Solisten“, déi mat vill Engagement hire Publikum verwinnt hunn.

Eise Jugendensembel besicht den Zoo zu Amnéville.

2013 – Mir feieren „150 Joer Musek an der Stad“

Am Mäerz „Éiereconcert am Cercle mat der Militärmusek (Dir. Jean-Claude Braun) a Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie. Onse President vum Organisatiounscomité Jean J. Schintgen huet déi vill Éieregäscht op séng eegen, flott Manéier begréisst.

Am Abrëll „Jubilé-Concert“ mat onsem Jugendensembel an onsem Harmonieorchester (Dir. Edgar Becker) am Alen Tramsschapp mat Dia-show a Photoausstellung am Foyer.

Am Oktober hu mer déi professionell Museker vum Landespolizeiorchester Rheinland-Pfalz mat hirem „Gastkonzert“ am Alen Tramsschapp op Besuch.

2014 – Am Mäerz Ofschloss-Concert „Gala 150“ am Cercle mat onsem Jugendensembel, onsem BlechBléiserSeptett „Brass 150“ (Dir. Guy Mangers) an onsem Harmonieorchester (Dir. Edgar Becker) mat Wierker vun onse fréieren Dirigenten.

2015 – „Musical-Gala“ am Alen Tramsschapp mat onsem Jugendensembel, dem Septett „CityBrass“ (Dir. Guy Mangers) an onsem Harmonieorchester (Dir. Edgar Becker)

2016 – „Gala 2016“ am Alen Tramsschapp mat dem Septett „City Brass“ (Dir. Guy Mangers) an onsem Harmonieorchester (Dir. Edgar Becker) mat populärer Musek am 1. Deel an am 2. Deel südamerikanesche Flair.

2017 – eng nei Ära

Mat onsem neien Dirigent Christian Block geet et den 1. Abrëll am Alen Tramsschapp an eng nei Ära mat „HMLL goes Rock and Pop“.

Presidenten a Dirigenten vun der Stad- a Lampertsbierger Musek

Presidenten   Dirigenten
1999-2005
2005-2007
2007-2016
2016-
René Bleser
Jean J. Schintgen
Roger Braun
André Hever
1999-2005
2005 interim
2005-2009
2010-2016
2017-
Félix Schaber
Christian Block
Patrick Yves Hengen
Edgar Becker
Christian Block