HMLL

#BleiftDoheem

#BleiftDoheem

Den 13. Mäerz hu mir eis fir d’Lescht gesinn. Fir awer zesumme Musek ze maachen hu mir eis un der Luxembourg Military Band inspiréiert. Et war net einfach, fir per Video alles iergendwéi propper zesummen ze kréien. Mir sinn awer houfreg op eist Resultat. D‘Stad- a Lampertsbierger Musek wënscht Iech mam Stéck Earth Song vum Michael Jackson […]

Generalversammlung a Galaconcert verluecht

Generalversammlung a Galaconcert verluecht

Op Grond vun de Mesuren déi vun der Regierung an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Pandemie vum Coronavirus geholl goufen, sinn d’Generalversammlung (16. Mäerz) an de Galaconcert (25. Abrëll) op e spéideren Datum verluecht. Passt gutt op iech op, bleift gesond a bis hoffentlech geschwënn. De Comité

Gala 2019 – Filmféiwer II

Gala 2019 – Filmféiwer II

D’Stad- a Lampertsbierger Musek invitéiert Iech ganz häerzlech op hire Gala 2019 – Filmféiwer II den 4. Mee 2019 um 20 Auer am Tramsschapp um Lampertsbierg. Programm 1. Deel Das Boot (Offréiert vum Här Jean Flesch) Moulin Rouge (Offréiert vun der Madame Simone Beissel) The Hunchback of Notre Dame (Offréiert vun der Madame Marguerite Redondo) Medley from Shrek (Offréiert vun […]

Impressioune vun eisem Concert op der Plëss

Impressioune vun eisem Concert op der Plëss

Den 8. Juni hu mir ee Concert op der Plëss zum Beschte ginn. Mat Stécker vun eisen 2 leschte Gala-Concerten hu mir bal 1,5 Stonnen d’Plëss musikalesch encadréiert. Vill Passanten an awer op Léit op den eenzelen Terrassen hu begeeschtert nogelauschtert. Hei e puer Impressioune vun eise Concert.