D’Stad a Lampertsbierger Musek invitéiert de 17. Mee 2025 um 20 Auer op hire Gala-Concert am Tramsschapp um Lampertsbierg.
Kategorie: Concert
Gala 2024 – The Magic of Disney
D’Stad a Lampertsbierger Musek huet säi Publikum dëst Joer mat Musek aus der wonnerbarer Welt vun Disney begeeschtert.
Gala-Concert 2023
D’Stad- a Lampertsbierger Musek invitéiert op hire Gala-Concert am Festsall vum Jongelycée um Lampertsbierg.
Gala-Concert 2022
D’Stad- a Lampertsbierger Musek invitéiert Iech ganz häerzlech op hire Gala-Concert 2022, den 14. Mee 2022 um 20 Auer am Tramsschapp um Lampertsbierg.
#BleiftDoheem
Den 13. Mäerz hu mir eis fir d’Lescht gesinn. Fir awer zesumme Musek ze maachen hu mir eis un der Luxembourg Military Band inspiréiert. Et war net einfach, fir per Video alles iergendwéi propper zesummen ze kréien. Mir sinn awer houfreg op eist Resultat. D‘Stad- a Lampertsbierger Musek wënscht Iech mam Stéck Earth Song vum Michael Jackson […]
Generalversammlung a Galaconcert verluecht
Op Grond vun de Mesuren déi vun der Regierung an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Pandemie vum Coronavirus geholl goufen, sinn d’Generalversammlung (16. Mäerz) an de Galaconcert (25. Abrëll) op e spéideren Datum verluecht. Passt gutt op iech op, bleift gesond a bis hoffentlech geschwënn. De Comité
Concert op der Plëss
D’Stad- a Lampertsbierger Musek invitéiert Iech ganz häerzlech op hire Concert op der Plëss den 8. Juni 2018 um 20 Auer. Programm American March Highlights The Great Escape The Best of Bond Coldplay Classics Imagine Selections from Mary Poppins Tina Turner: Simply the Best Instant Concert Hinterm Horizont Let me entertain you Direktioun: Christian Block © photo
Gala 2018 – Filmféiwer
D’Stad- a Lampertsbierger Musek invitéiert Iech ganz häerzlech op hire Gala 2018 – Filmféiwer den 24. Mäerz 2018 um 20 Auer am Tramsschapp um Lampertsbierg. Programm 1. Deel The Great Escape (Offréiert vum Här a Madame Joachim Block) The Wild West (Offréiert vun der Madame Marie-Anne Millim) The Alfred Hitchcock Hour (Offréiert vun der Madame Lydie Polfer) Raiders of the Lost […]
HMLL goes Rock & Pop
D’Stad- a Lampertsbierger Musek invitéiert Iech ganz häerzlech op hire Gala 2017 den 1. Abrëll 2017 um 20 Auer am Tramsschapp um Lampertsbierg. Programm 1. Deel Summer of ’69 (Offréiert vun der Madame Denise Mackel) Tina Turner: Simply the Best (Offréiert vun der Madame Marie-Anne Millim) Hinterm Horizont (Offréiert vun der Famill Roger Braun-Schmitz) Hello […]